895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.


 

E puer Neiegkeeten ëm d'Aktivitéieten vu Bike-Fit an betreiten Athleten.

 

15 & 16/06/2016

Innovative Cycling / Torke Cyclefit education the next level. Eng flott Formatioun mat neien Iddien bréngt nach méi Motivatioun.

 

12/06/2016

 

Allez hop, awer nach eng lescht well dir souwisou nach vill vun him wäert héieren (wéi schonns virun engem Joer verspach): de Kevin Geniets gewënnt den Tour du Beaujolais. Schéin :-)

 

 

 

23 & 24/04 2016

Ech stelle mat Freed a Stolz fest, datt déi Athleten, déi mir vertraut hunn, erfollegräich sinn. Et ass aus zäitlech Grënn net méi méiglech, all déi fantastesch Resultater hei an dës Rubrik ze bréngen. Als RAAM Crew Member vum Team Dizzy maachen ech eng lescht Ausnahm:

Den Dizzy gewënnt souverän seng lescht Trainingscourse virun der RAAM: d'Race Across Italy

Wéi schwéier d'Konditiounen waren, sinn an dëser Video ze gesinn: https://www.youtube.com/watch?v=JTpz1rP95dY

 

9 & 10/11 2015

Zeréck vun Ostbevern - International Symposium of Cycling Optimization

Team vu gebioMized huet d'Crème de la Crème aus der Bike Fitting Szene op den ISCO 2015 op Ostbevern agelueden. Matten um Flaachland gouf et keng Oflenkung an all Opmierksamkeet war fir déi internationalen Dozenten. Och d'Participanten koumen aus alle Länner (Australien, Singapur, USA, GB, NL asw....) an hunn konzentréiert nogelauschtert.

A ville Workshops gouf Fachwëssen vun de gréissten Expert'en vermëttelt.

 

24 & 25/10/2015

Och dëst Joer ass Bikefit präsent mat engem Stand um Run2Bike am WEX, zu Marche-en-Famenne. Bei Ärem Besuch um Stand kritt Dir virdeelhaft Konditiounen.

 

 

15/10/2015

 

 

Elo ass et offiziell: de Kevin Geniets follegt dem Ben Gastauer sénge Spueren: Chambéry CF: effectif 2016    

 

 

 

08/10/2015

Eng nei Formel gëtt agefouert: Formel "Express". Munch Cyclisten schéngen vun der Dauer vu enger kompletter dynamescher Sëtzpositiounsanalyse ofgeschreckt ze sinn, obwuel d'Zäit hei am Labo séier vergeet. Fir déi gëtt elo eng nei Formel virgeschloen. Si ass méi séier; mir maachen alles fir datt se keng zwou Stonnen dauert, ouni awer datt eppes vernoléissegt gëtt.

Dës Formel bleift während e puer Méint an der Testphase a gëtt bäibehalen wann se d'Cyclisten a mech selwer zefriddestellen.

Fir méi ze wëssen: hei klicken

 

15/08/2015

Sensationnel! Ralph Diseviscourt  gewënnt déi 7. Editioun vum Tortour, eng Ultra-Cycling Epreuve déi, wéi de Numm et seet, ronderëmmer d'Schwäiz fiert. Nom Prolog eng eenzeg Etapp vun 1000 km an ëm déi 14 000 Hm.

Ganz schéin! Säin Trainingspartner, deen och Bike-Fit als Partner huet, de Marc Leyder, gëtt exzellenten Drëtten.

Eng Super Leeschtung :-)

 

 

09/08/2015

De Kevin Geniets gëtt 6ten op der Europameeschterschaft U23. Séng Zukunft versprëcht. Mir wäerten nach vill vun him héieren.

 

27/07/2015

 

 

24 Stonne Wëntger. Zwou Wochen nom Optiméieren vu senger Maschinn ass de Mike Osio prett fir säin Challenge. No 24 Stonne solo gëtt hien exzellenten Drëtten. Top, Mike :-)

 

 

19/07/2015

 

MTB Landesmeeschterschaften XCOFabienne Schaus hëllt den Titel bei den Dammen. Hir Vëloen waren am Wanter agestallt ginn, déi ideal Period wann ee seng kommend Saison eescht hëllt.

 

 

01-02/07/2015

E puer Deeg virum Depart vun der Grande Boucle, markéiert d'Wëssenschaft hiren Territoire am Vëlosport. Impressionnant an an engems erschreckend ze gesinn, wat d'Recherche während de leschte Joeren dem professionelle Vëlosport bruecht huet. Näischt gëtt dem Zoufall iwwerlooss, d'Coureuren ginn ënnert alle Nouten analyséiert. De mënschlechen Aspekt ass net erwähnt ginn.

 

26-27/06/2015

Ganz flotte Week-end. D'Athleten deenen hir Vëloen optimiséiert gi sinn, ware beandrockend. 15 Medaillen :-)

RATA (Race across the Alps): Déi zwee Lëtzebuerger Extrem-Cyclisten, Ralph "Dizzy" Diseviscourt a Marc Leyder, finishen déi schwéierst Dagescourse op der Welt op der drëtter respektiv siwenter Plaz.

National Meeschterschaften am Zäitfueren:
Sechs optimiséiert Cyclisten op de Podester: Claire Faber (1. Damm Junior), Edie Rees (2. Damm Junior), Kevin Geniets (1. Junior), Michel Ries (2. Junior), Pit Leyder (3. Junior) an Tim Diederich (3. Elite)

National Meeschterschaften iwwer Land:
Siwen optimiséiert Cyclisten op de Poderster: Claire Faber (1. Damm Junior), Edie Rees (2. Damm Junior), Ken Conter (3. Debutant), Colin Heiderscheid (1. Junior - optimiséiert 2 Deeg virun der Course), Pit Leyder (3. Junior) et Ben Gastauer (2. Elite mat Kontrakt)

Iron Man zu Nice:
Susanne Gutjahr gëtt éischt Lëtzebuergerin an den Olivier Klemmer ass éischte Lëtzebuerger.

Championnat Duathlon zu Mamer:
Tristan Hearsey um zweeten Treppléck bei de Junioren

Mäi Bäitrag war bescheiden, verglach mat hirer Leeschtung, ë bësse stolz sinn ech trotzdem ;-)

Ech soen hinne Merci fir hiert Vertrauen.

 

20/06/2015

Drëtten Iron Man 70.3 Remich. Ech war wéi ëmmer frou déi Athleten, déi mir vertraut hunn, an Aktioun ze gesinn a vill vun hinnen op de Podester. Stolz: Danièle Flammang gëtt Lëtzebuerger Championne, fënnef Wochen no hirem Besuch zu Nouspelt. Chapeau, Danièle.

 

 

19/06/2015

Iron Man Zurich: De Stéphane Rit ass Champion a senger Kategorie a qualifizéiert sech fir d'Weltmeeschterschaft zu Kona. Als Rappel: Hien hat sech am Mäerz fir d'Weltmeeschterschaft 70.3 zu Zell am See - Kaprun qualifizéiert, déi am August stattfënnt.

 

 

03/06/2015

 

Eng nei Kollaboratioun déi, vun hirem Konzept hier, sécher interessant gëtt a och bestëmmt sympathesch gëtt (ech kenne schonn e puer Memberen) ass op de Been mam Lemon Grass Triathlon Team.

 

 

16/05/2015

 

De Ralph "Dizzy" Diseviscourt gewënnt den Raid Provence Extrême. Éischten Test vun den posturalen Adaptatiounen op senge neie Maschinnen.  Et stinn nach e puer extrem Coursen um Programm virun der RAAM 2016, wou ech d'Éier hunn zu sengem Team ze gehéieren.

 

 

29/03/2015

 

De Stéphane Rit, vun deem ech stolze Partner sinn, gëtt Champion de Moselle Masters am Duathlon. Säin Zäitfuervëlo war am Dezember 2014 optimiséiert ginn. Den idealen Zäitpunkt wann een seng Saison gäre gewëssenhaft preparéiert.

 

 

22/02/2015

 

De Ben Gastauer gewënnt den Tour du Haut Var. Hie beweist datt hien net nëmme en exzellenten Coequipier ass, mä datt hien och gewanne kann wann een hie gewäerde léisst. 

https://rgast.wordpress.com/2015/02/23/revue-de-presse-apres-la-victoire-de-ben-gastauer-au-tour-du-haut-var

 

13/01/2015

 

 

Den Alex Kirsch Strosseprofi bei Cult vertraut Bike-Fit als Partner. Mir wënschen him eng erfollegräich Saison mat senger neier Equipe.

 

 

 

29/12/2014

 

Eng nei Partnerschaft mam Fabienne Schaus, selektionnéiert fir de MTB-Weltcup, ass gestart.

 

 

 

13/12/2014

Den Online shop ass op. Wann dir engem e Bong wëllt schenken fir eng Sëtzpositiounsanalyse ass et eng séier an einfach Method.

 

26/11/14

D'Aktioun "Parrainage" ass gestart. Deelt roueg Äre Kollegen Är Zefriddenheet no Ärer Sëtzung matt. Wann déi Persoun Iech ugëtt, kritt Dir e Geschenkbong vun 20 € geschéckt.

Sinn et der fënnef,  kritt Dir eng komplett Tenue (News 03/07/2014).

 

06/11/2014

Den David Claerebout bestätegt seng performant Positioun op sengem neie Vëlo a gëtt 6ten zu Dubai, säin éischten Triathlon als Profi. Chapeau, David.

 

25-26/10/2014

Bikefit ass präsent mat engem Stand um Run2Bike zu Marche en Famenne (B) . Kommt roueg laanscht; et kéint sech lounen ;-)

 

13/10/2014

De Ben Gastauer war während senger Saison 2014 esou zefridden mat sengen gebioMized-Moosseinlagen datt hien erëm hei war fir sech neier fir a seng nei Schung, déi hien d'nächst Saison zerdréckt, maachen ze loossen.

 

11/10/2014

Zweet Editioun vum Red Rock Challenge. Och dëst Joer si meng Kollegen vum Toproad Réiserbann präsent um Podium, mam Tommy Arnoldy a Sebastian Einsle op den zwou ieweschten Trepplécker. Freet mech.

 

01/10/2014

Säin éischten Dag als professionellen Triathlet. Den David Claerebout fänkt mat der Astellung vu sengem neien Zäitfuervëlo un. D'Basis ass zolidd fir eng erfollegräich Carrière.

 

05-06/09/2014

Phenomenal. De Ralph Diseviscourt, vun deem ech stolze Partner sinn, gewënnt déi éischt Editioun vun der schwéierster Course an Europa: Ultracyling Dolomitica, 595 km an 15.500 Hm an den Dolomiten, a manner wéi 26 Stonnen: http://www.ultracyclingdolomitica.com

Schonn ass en fir d'RAAM - Race Across America selektionnéiert.

Huelt iech Zäit fir säi Bericht ze liesen: hei.

 

17/08/2014

Am General vum Eneco Tour gëtt den Ben Gastauer 13ten, 1'34" hannert dem Vainqueur T.Wellens. De Ben bestätegt seng Fortschrëtter a no sengem exzellenten Tour de France ass dëst säi bescht Klassement op enger  World Tour Course.

Isa Klein strikes again. A nach e Podium: 3. Plaz um Vaude Transschwarzwald, eng Etappecourse mam MTB, dëst Joër duerch déi schlecht Wiederverhätnisser ganz schwéier.

 

27/07/2014

Den Ben Gastauer  gëtt 21ten op senger éischter Participatioun um Tour de France. Impressionnant.

 

26/07/2014

24 Stonnen Vélo Wëntger

De Stephan Quintus gëtt 2ten nom Weltmeeschter. Dem Stephan säin Ziel war net Éischten ze ginn mä säi perséinleche Rekord ze briechen. Hien huet et gepackt trotz ville mechanesche Problemer. Bravo Stephan.

 

20/07/2014

Tour du Mont Blanc 2014. De Ralph Diseviscourt gëtt Zweeten. Exzellent. De Marc Leyder, deen ech de leschte Mount d'Éier hat ze betreien, an och vum L.C. Kayl, gëtt 8ten. Chapeau! 2 Lëtzebuerger am top ten vun engen Epreuve déi et an sech huet. 

http://www.sportcommunication.info/LIVE/resultat_live.php?parcours=104

 

MTB-Nationalmeeschterschaften.

Impressionnant: Isa Klein, no hiren Titel am Triathlon (70.3 zu Réimech) gëtt och Championne am Mountain Bike.

 

12/07/2014

Matt dobäi um Master Tour Ultra, organiséiert vun de CHEM-Bikers fir den Télévie. Ee schéinen awer laangen Dag um Vëlo.

 

08/07/2014

Geéiert als Partner vum enger aneren Extremsportler, de Ralph Diseviscourt, vum L.C. Kayl nominéiert ze ginn. Ech war och eng Zäit Member vun deem Veräin an et freet mech ëmmer si erëmzegesinn.

De Ralph huet dëst Joer d'Zäifuerchampionnat fir sech entscheet, seng zukünfteg Projet'en sinn nach méi impressionnant: 20.07.2014 Tour du Mont Blanc (330km, 8000Hm), Les Saisies (2x Gewënner 2011+2012, 1x 2ten 2013, Rekord vun der Epreuve 2012 11St.41m) 30.08.2014 La Vélomédiane Claude Criquelion (La Roche, 180km, 4000d+, Cyclosportive phare an der Belsch, 3ten 2011) 05.09.2014 La Charly Gaul (Luxembourg, 2x 2ten an senger Carrière). 05-06.09.2014 Dolimitica Ultracycling (Italien, 580km, 15000Hm)

 

05-06/07/2014

30ten internationalen Triathlon zu Iechternach

Ech sinn net nëmme frou d'Vertrauen vun villen Athleten vum Trilux, engem ganz sympathesche Veräin, ze hunn; et huet mech och gefreet, op dësen Jubiläumsweekend zahlräich Athleten vun aneren Veräiner erëmzegesinn.

 

03/07/2014

 

Déi nei Tenuen sinn ukomm :-)

 

Aktioun Parrainage: Tenuen kënnen zum Akafspräis kaaft ginn; dir kënnt awer 20% Reduktioun kréien pro Client deen dir mir geschéckt hutt an deen ech d'Éier hat ze betreien.

 

 

 

 

28 & 29/06/2014

Nationalmeeschterschaften op der Strooss

Ech sinn zimmlech stolz, indirekt eng Dose Mol um Podium gewiescht ze sinn ;-)

 

26/06/2014

Nationalmeeschterschaften am Zäitfueren. Eis Méi gëtt belount; de Ben Gastauer (AG2R LA MONDIALE) gëtt Drëtten.

http://rgast.wordpress.com/2014/06/27/championnats-nationaux-clm-ben-gastauer-3

http://rgast.wordpress.com/2014/06/27/au-coeur-de-la-course-dans-la-voiture-de-ben-gastauer

All meng Gratulatiounen fir seng Selektioun fir den Tour de France.

 

 

 

21/06/2014

Zweeten Iron Man 70.3 zu Remich. Et huet mech gefreet, zahlreich Athleten erëmzegesinn, déi mir hiert Vertrauen geschenkt hunn. Och dëst Joer eng super Prestatioun vum Isa Klein. Anescht wéi 2013, wou d'Isa keng Lizenz hat, konnt se op elo déi iewescht Stuf vum Podium klammen. Hannert hier, d'Annette Jaffke, deem säi Vëlo am Februar optimiséiert ginn ass.

 

16/05/2014

 

Nordkapp Challenge 2014, gepackt. Den Stephan Quintus huet de Nordkapp erreecht. 4000 Km, 11 Deeg extrem wéineg Schlof, ongënschteg Wiederkonditiounen, technesch Problemer, schlecht Stroossen, .... 
Ech sinn riseg stolz op hien a seng Equipe an op dat wat se geleescht hunn fir kriibskranke Kanner ze hëllefen. 
Awer och e bësse stolz op mäi ganz bescheiden Bäitrag an eis Zesummenaarbecht ;-)

 

 

10/05/2014

Drëtte Besuch vum Ben Gastauer (AG2R LA MONDIALE), dës Kéier mat sengem Zäitfuervëlo: http://rgast.wordpress.com/2014/05/10/ben-gastauer-chez-bikefit-a-nospelt

Mir hoffen datt mir d'Chance kréien, de Ben am Tour de France ze gesinn.

 

05/05/2014

Nordkapp Challenge 2014, et geet lass. De Stephan Quintus, extremen Cyclist mat groussem Häerz huet d'Land haut verlooss. Een enormen Challenge fir hien a seng Equipe. Och fir mech eng grouss Erausfuerderung: him mat sengen zwee Vëloen maximale Rendement z'erméiglechen a gläichzäiteg eng komfortabel Positioun fir déi zahlreich Stonne um Suedel z'erdroen.

 

04/05/2014

De Powerman ass zeréck zu Lëtzebuerg. Et huet mech richteg gefreet all d'Athleten erëmzegesinn déi ech betreit hunn,  an e puer vun hinnen um Podium ze gesinn.

 

04/04/2014

De Ben Gastauer (AG2R LA MONDIALE), Mëtt Dezember op Besuch zu Péiteng fir Moosseinlagen gemaach ze kréien. Hie war ee vun deenen éischten am neie Labo zu Nouspelt.

Den Ben bestätegt wat Foussdrockmiessungen gewisen hunn: eng besser Drockverdeelung an de Schung an eng verbessert Stabilitéit um Vëlo. Haut ass et drëms gaangen, seng Positioun op sengem neien Focus Izalco Max z'optimiséieren.

Firwat hunn d'Profien et net ëmmer besser: de Ben huet bestätegt datt déi nei Positioun him gutt bekënnt, mat enger riiter Tige de selle. Leider huet säi Sponsor esou eng net am Katalog sou datt hien, bis datt eng Léisung fonnt ginn ass, nach net esou firt wéi hien vläit wéilt fueren. Affaire à suivre, ...

 

 

 

 

01/04/2014

De Yannick Antoine huet dëst Joer net wëlles um Iron Man zu Hawaï deelzehuelen, gëtt mir awer säin Vertrauen fir säin neie Vëlo z'optimiséieren fir weider Erfolleger. Dir och Yannick Merci fir däi Vertrauen. A Merci fir Däin Artikel.

http://m3team.skynetblogs.be/archive/2014/04/05/positionnement-bikefit-8153551.html

 

21/02/2014

Annette Jaffke, national Championne am Triathlon mëcht mir d'Éier mir hir Positioun op hirem neie Vëlo unzevertrauen. Ech wënschen hir vill Erfolleg an der neier Saison.

 

13 & 14/02/2014

Dëst Joer erëm huet de Niveau ee grousse Sprong no vir gemaach.  D'lescht Joer gouf den Akzent op den technologeschen Fortschrëtt an der Branche vum bike-fitting gesat. Dëst Joer ass de Cyclist nach méi an de Mëttelpunkt gestallt ginn. Praktesch all Konferenzen a Workshops si vun Dokteren an Kinesitherapeuten presentéiert ginn. Betount gouf d'Wichtegkeet vum Verständnis vun  der Loko-motorik a Biomechanik vum Cyclist, op der Sich vun enger beschtméiglech ugepasster Positioun, ugepasst un sengen Ambitiounen, Historik, Beschwieren, senger Individualitéit.

 

25/01/2014

Aussergewéinlechen Noutfall. Den Stephen Cullingham (Irland) versicht mat sengen Touring Bike vun 50 Kilo mat Gepäck vun Dublin op Beijing (China) ze fueren. 15.000 Km, a schonn no 800 km muss hien säin Openthalt zu Lëtzebuerg verlängeren, well säi lénke Knéi duerch eng vill ze niddreg Suedelpositioun iwwerbelaascht ginn ass. Ech hat d'Éier an d'Freed vun him kontaktéiert ze ginn, fir de Fortgang vun sengem verréckte Projet méiglech ze maachen. 

http://dublin2beijing.com

 

14 & 15/01/2014

Formatioun zu Münster bei mengem Partner gebioMized. Et war eng interessant Geleeënheet eis Erfahrungen am klenge Grupp ze deelen an Drockmiessungen um Suedel an an de Schung am Detail z'analyséieren, bei Cyclisten déi op engem Vëlo fueren, also eng dynamesch Miessung. Mir sinn eis eens: jiddereen ass anescht a mir hunn et kënne bestätegen: et gëtt keng Regel. Jiddereen reagéiert ganz ënnerschiddlech op Korrekturen, oft ganz anescht wéi erwaart. Eng Sëtzpositiounsanalyse muss dynamesch sinn.

 

 

01/01/2014

Neit Joer, neie Labo. Déi fréier Raimlechkeeten zu Péiteng konnten nëmme provisoresch sinn. Ech freeë mech drop, iech a menge Raimlechkeeten zu Nouspelt z'empfänken, fënneg Minutten no der Ausfahrt Mamer-Capellen, vun der Areler A6.

 

11&12/11/2013

D'Münsterland empfänkt déi éischt Editioun vum ISCO - International Symposium on Cycling Optimization - wou sech déi bescht Bikefitter vun der Welt treffen, fir hier Iddien, aktuell Projet'en an Entwécklungen am Beräich vun der Ergonomie  am  Vëlosport auszetauschen, a fir iwwer Workshops nei Weeër z'entwécklen an Impulser ze ginn. Organisateur vun dësem Evenement ass mäi Partner gebioMized vun Münster, deen an deem Gebitt stänneg innovativ ass. Ech konnt deen Datum net verpassen.

 

 

13/10/2013

Iron Man zu Kona - Hawaï.

Den Yannick Antoine, Enn Mee op Besuch bei bikefit.lu, mecht eng exzellent Zäit vun 9:39:15. Ganz respektabel Leeschtung. Bravo Yannick.

 

12 & 13/10/2013

Grouss Emotiounen um Red Rock Challenge zu Esch/Belval. Den Eric Fuchs gewënnt, nodeems hien um Ufank vun der Saison nach wéinst Péng an de Knéien huet missen vum Vëlo erofklammen. Eric, Merci fir Däin Vertrauen an Bikefit.

Seng 3 Klubkollegen vum Toproad Réiserbann, déi och Bikefit vertraut hunn, huelen sech d'Plazen 3, 4 a 5. Ganz schéin.

Zweeten Dag: 3 x Toproad Réiserbann um Podium. Besser geet et net: Sebastian Einsle, Eric Fuchs a Georges Valentiny.

 

09/10/2013

Superfeet-Einlagen sinn ukomm. No Tester op der Strooss an um Mountain-Bike sinn déi schwaarz, déi giel an déi blo Einlagen selektionnéiert ginn.

 

29/09/2013

Éischten Cyclo-Cross vun der Saison am däitschen Neunkirchen: 5 Lëtzebuerger am Top Ten. 4 waren bei bikefit. Merci fir hiert Vertrauen a weiderhin vill Erfolleg gewënscht.

 

08/09/2013

Éischten Iron Man 70.3 zu Réimech. Ech war stolz eng gutt Dosen vu mengen betreiten Athleten erëmzegesinn. Top Leeschtung vun eiser Mountain-Bikerin Isa Klein. Alleréischten Triathlon an direkt éischt lëtzebuerger Damm. Respekt.

 

01/08/2013

Aféieren vun enger neier Formel: Formel "Basic"

Dës Formel ass identesch mat den Formelen Ortho an Ortho +, awer ouni Drockmiessung an ouni Triëttechnikanalyse.

Si riicht sech un Cyclisten, déi um Suedel oder an de Schung näischt stéiert. Si mussen sech awer bewosst sinn, datt ouni Drockmiessung - een Top-Tool am modernen Bike-fitting - d'Optimisatioun sech haaptsächlech op Video-Analyse an Dialog berout.

Méi Informatiounen iwwert déi eenzel Formelen

 

27/07/2103

Project 5 wënnt 24 Stonne Vëlo Wëntger. Respekt.

Artikel

 

20/07/2013

4. Plaz fir eisen Power-Duo Isa Klein & Christian Schmit um Craft Bike Transalp. Eng ganz staark Leeschtung. BRAVO.

 

08/07/2013

Den Yannick Antoine, Enn Mee op Besuch bei bikefit.lu, qualifizéiert sech zu Frankfurt fir den Iron Man vun Hawaï am Oktober. Chaleureuses félicitations, Yannick.

 

7/06/2013

Kraaft- an Triëttechnik-analysen bleiwen an der Ortho+ Formel

Dësen Tool ergänzt einfach fabelhaft d'Foussdrockmiëssung. Et ass schwéier sech virzestellen ouni ze schaffen. Dofir bleift en och elo definitiv ouni Oppräiss an der Ortho+ Formel

 

01/05/2013

Geännert Konditiounen vum Tariff "croissance" .

Den Tariff "croissance" ursprénglech gülteg vun Oktober bis Mee gëtt elo d'ganzt Joer applizéiert.

 

21/01/2013

Eng innovativ Neiegkeet:

Duerch eng Erweiderung vun der Foussdrockmiessung-Software, gekoppelt mat engem Trëttfrequenzmiesser ass et elo méiglech Kraaft an Triëttechnik fir déi 2 Säiten z'analyséieren.

méi gewuer ginn

 

24/01/2013-26/01/2013

ICS (international Cyclefit Symposium) zu London

Déi renomméierst Bike-fitter vun der Welt treffen sech erëm op dësem Kongress fir de leschte Stand vun der Entwécklung ze verfollegen. Och dëst Joer wollt ech esou een Evenement net verpassen.

méi gewuer ginn

 

 

Join us on facebook                                                                                                                                                         Leschten update: 21/06/2017