895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.


 

Bike–Fit proposéiert Iech een eenzegaartegt an exclusivt Konzept zu Lëtzebuerg. 

 

Säit menger Kandheet huet mech d‘Leidenschaft vum Vëlofueren ni lassgelooss,  trotz e puer onfräiwëlleg Ënnerbriechungen. No munche Verletzungen mat chronesche Folgen war ech gezwongen meng Sëtzpositioun um Vëlo unzepassen. Parallel dozou hunn ech ugefangen, aner Cyclisten, mat deenen ech fueren, méi genau ze beobachten a ech war iwwerrascht festzestellen wéi vill Vëlosfuerer e Vëlo oder eng Sëtzpositioun hunn, déi hinnen net ugepasst sinn. Dat kéint hier Kloen erklären, déi oft keen heele konnt well: Wien geet schonn bei säin Dokter oder Therapeut mat sengem Vëlo?

Een erfuerenen, verletze Vëlosfuerer an an engems Sportskiné: eng zolidd Basis fir d'Grënnung vu Bike-fit. Wat elo kennzeechent eng Sëtzpositionsanalyse bei Bike-Fit? 

  • Si ass déi eenzeg professionell Sëtzpositiounsanalyse zu Lëtzebuerg
  • D’Sëtzpositiounsanalyse fänkt un mat engem Interview a Mobilitéitstester
  • Si ass individualiséiert
  • Si ass dynamesch
  • Si benotzt innovativ Hëllefsmëttel 
  • D'Korrekturen ginn, mat Ärer Kollaboratioun, op der Plaz gemaach
  • Si gëtt Iech Rotschléi mat op de Wee fir Är Technik an Äre Rendement ze verbesseren
  • Äre Suivi no de Korrekturen ass gesëchert 
  • Si ass onofhängeg vu all Marque oder Label

Join us on facebook                                                                                                                                                         Leschten update: 10/12/2017