895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.


 

Bike-Fit Sàrl

Patrick Guillaume

1, Rue Georges Kayser

L-8390 Nospelt

mail: info@bikefit.lu

Tel. 26 10 20 21 (Aus Respekt fir meng Client'en, ginn ech wärend hirer Sëtzung net op den Telefon, ruffen awer zeréck)

 

                                                                        

                         Akkreditéierte Member vun der IBFI

 

 

 

 

Wéi fannen? Andeems Dir hei uklickt.

Fënnef Minutten no der Ausfahrt Mamer Capellen, vun der Arelen Autobunn A6

! Net all GPS kennt d'Strooss; dofir gitt léiwer "Rue de l'école" an. Do ass de Centre Curturel (vun der Haaptstrooss aus beschëldert). De Labo ass hannert deem Gebei, lénks iwwert dem Mini-Stade.

 

Sproochen: lëtzebuergesch, français, deutsch, english

Schaffzäiten

D'Sëtzungen daueren tëschent dräi a fënnef Stonnen, ofhängeg vun der gewënschter Formel a vum Vëlo. Generell ass moies ass eng Sëtzung um 8 Auer; mëttes um 14 Auer. Samsdes just moies. Eng gewësse Flexibilitéit ass awer meeschtens méiglech. 

D'Formel "Express" an de Bike-Sizing dauere manner laang, kënnen duerfier eventuell méi flexibel geplangt ginn. 

 

Aktuell Waardezäiten:

Moies: ab dem 23. Oktober

Mëttes: ab dem 12. November

Samsdes moies: dëst Joer leider net méi méiglech :-(

Opgepasst: dës sinn déi aktualiséiert éischt Disponibiltéiten, déi Deeg duerno sinn net onbedingt all nach fräi.

Wéinst Operation leider keng Sëtzung vum 16. November bis Enn 2018

 

Ech bieden ëm Verzeiung; aktuell kënnen Terminer nëmmen iwwer Mail ausgemaach ginn

Gidd w.e.g. un:

  • Virnumm a Numm
  • Telefonsnummer
  • Gewënschte Formel
  • Typ vu Vëlo (Strooss, MTB, Triathlon, ...)
  • Är Disponibilitéiten

Merci am viraus

Join us on facebook                                                                                                                                                                 Leschten update: 22/10/2018