895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.


 

Ech hunn den Privileg, exklusive Partner zu Lëtzebuerg vun der Gesellschaft gebioMized ze sinn, Spezialist an der Sportbiomechanik. Et ass och iwwert sie wou Är Moosseinlagen an Moosssuedelen gefertegt ginn, op Basis vun mengen Drockmiessungen am Kader vun Ärer dynamescher Sëtzpositiounsanalyse.

 

Bikefit ënnerstëtzt Project 5, eng Initiativ vun DS Sports, déi am Kader vun hirem 5. Jubiläum 2013 fir ee gudden Zweck gestart gëtt. Mäi bescheidene Bäitrag besteet doranner d'Vëloen vun hiren Athleten z'optimiséieren.

 

Den Stephan Quintus huet een Ziel. den Kriibskrank Kanner ze hëllefen. Säi Projet: "Nordkapp challenge", 3.826 km a maximal 11 Deeg, +/- 400 km/Dag, alleng op sengem Vëlo, begleet vun engen Team vun sechs Benevolen. Säin Ziel ass et,  Spenden fir "En Häerz fir kriibskrank Kanner" ze sammelen. Bikefit huet sech virgeholl dem Stephan dësen Challenge beschtméiglech kierperlech erdroobar ze maachen.

 

 

De Mike Osio, 3ten Solo-Fuerer op de 24 Stonnen Wëntger 2015, huet ähnlech Ambitiounen wéi säin Frënd de Stephan. Hien setzt seng Leidenschaft an fir ee gudden Zweck. Besicht rouheg seng home-page: 

 

Duerch seng äussergewéinlech Resultater huet sech de Ralph "Dizzy" Diseviscourt fir d'Race Across America (RAAM) 2016 qualifizéiert. Ech hunn de Privileg, Member vu sengem Team ze sinn als Bike-Fitter, Kiné a Mechanicien.

Update: Äus familiäre Grënn hunn ech leider kuerzfristeg missen ofsprangen.

 

 

D'Medezin ass keng Wëssenschaft, mä d’Konscht ze heelen, baséiert op d’Wëssenschaft.

 An esou gesinn ech och d’Aarbecht déi mir zesummen upaken.

Athleten, déi ech ënnerstëtzen:

 

Yannick Antoine (Triathlon - Team Vérandas Willems)

Julien Bianco (Triathlon)

Oliver Gorges (Triathlon)

Ralph Diseviscourt (Ultra-cycling)

Stephen Cunningham (Dublin to Beijing 2014)

Ben Gastauer (Pro-Rider AG2R)

Kevin Geniets (Chambéry CF)

Tania Hoffmann (Triathlon)

Pierre Jeangout (Triathlon - PowerMaxX)

Isa Klein (MTB, X-Terra & Triathlon)

Marc Leyder (Ultra-cycling)

Serge Poos (MTB - Katrin Schwing Trek Domantec)

Stephan Quintus (Ultra-Cycling)

Stéphane Rit (Triathlon & MTB - Lemon Grass)

Fabienne Schaus (MTB)

Christian Schmit (Road & MTB)

Luc Turchi (Team Basso Bikes)

Partnerveräiner a -Gruppen:

        
         

 

 

 

 

 

 

 

 

        

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Join us on facebook                                                                                                                                                         Leschten update: 10/12/2017