895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.


 

Fir ween eegent sech eng Sëtzpositiounsanalayse?

 

D‘Bike-Fit Sëtzpositiounanalyse riicht sech:

  • un all Cyclist, fir deen seng Gesondheet vierrängeg ass, egal wéi säin Niveau ass, wat fir een Vëlo datt hien fiert, an onofhängeg vun sengem Alter a sengem Geschlecht. Et muss een net ofwaarden bis een eppes wéi huet fir wëllen esou eng Analyse ze maachen; am Géigendeel, et soll een präventiv denken an vermeiden sech wéi ze doen. D’Virbeugen soll un éischter Stell vun all Sportaart stoen. Wann déi Etape vernoléissegt gouf an Dir wéi hutt während dem Vëlosfueren wéih, da brauch der déi Schwäerzen net als normal ze gesinn an ze akzeptéieren. Just d’Muskelen, déi ze vill beusprocht ginn, kënnen wéi doen, all aner Péng sollen verhënnert oder bekämpft ginn. Wann Är Schwäerzen vun enger schlechter Sëtzpositioun kommen, ass d'Efficacitéit vun all Therapie limitéiert, sou datt Schwäerzen kënnen chronesch ginn.
  •  un all Cyclist, och deen, deen schonn de Virdeel hat esou eng Analyse gemaach ze hunn. Effektiv, mat de Joeren, och wann de Vëlo a seng Astellungen net geännert hunn, ännert awer den Vëlosfuerer, och ouni Accident oder gesondheetlech Problemer. Mam Alter hëlt Beweeglechkeet of an déi Vëlosastellung, déi een bis dohin gutt fonnt huet, ass vläit net méi déi richteg no souvill Joeren. Leider ass een sech dees oft net bewosst, well de Kierper sech automatesch upasst,… bis op e bestëmmten Punkt.
  •  An der selwechter präventiver Optik fënnt déi Sëtzpositiounsanalyse hier ganz Wichtegkeet bei jonken Vëlosfuerer, déi voll am Wuesstem sinn. De Vëlo selwer wiisst net mat. Wann een de Vëlo net regelméisseg dem Fuerer upasst, ass eng schlecht Haltung, mat all sengen orthopädeschen Konsequenzen net méi ze vermeiden. Fir schlussendlech ze vermeiden, dass een sech all Joer e neien Vëlo muss kafen, kënnen verschidden Upassungen vum Vëlo Onkäschten reduzéieren.

Ären Confort um Vëlo an Är Leeschtung wäerten sech duerch eng Sëtzpositiounsanalyse sécherlech verbesseren, sou dass dir erëm Spaass um Vëlofueren kritt. Ziel ass Iech äre Vëlo während dem Fueren vergiessen ze loossen, sou dass Dir nëmmen nach Freed um Rullen empfannt.

 

Is you bike fit for you? Ass Äre Vëlo Iech ugepasst?

 

Join us on facebook                                                                                                                                                         Leschten update: 10/12/2017