895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Heefeg gestallt Froen.

 

Wéi laang sinn d'Waardezäiten?

Den idealen Zäitpunkt fir eng Sëtzpositionsanalyse ass den Hierscht. No der Saison ass Äre Feeling (gutt oder schlecht) nach ganz aktuell, wat d'Korrekturen méi einfach mécht. Wann Dir et awer virun Ärer Saison maacht, musst Dir eng gewëssen Upassungszäit - ofhängeg vun de Modifikatiounen an individuelle Reaktiounen - mat aplangen, ier der de Volumen an d'Intensitéiten vun Ären Sortien steigert.

Iwwegens kommt Dir am Hierscht och besser bäi. D'Waardezäiten leinen tëschent enger an zwou Wochen vun September bis Februar a kënnen sech op dräi bis fënnef Wochen vum Mäerz bis August verlängeren.

Aktuell Waardezäiten fannt Dir hei.

 

Wat soll ech fir d'Sëtzung matbréngen?

  • Äre Vëlo. D'Analyse ass dynamesch; d'Miessungen (Video-Analyse, Suedeldrock- an Foussdrockmiessung, Triedtechnik-Analyse) ginn geholl während Dir pedalléiert.
  • Är Vëlosschung. D'Astellung vun de Kallen ass wichtege Bestanddeel vum bike-fitting. Deelt mir w.e.g. am viraus mat, wann Dir méi wéi ee Puer Schung matbréngt.
  • Är Vëlostenue, am beschte kuerz. Baggy-shorts sinn net ideal an eng Jeans-Box net ubruecht.
  • Ee laangen Trikot wann et dobaussen méi frësch ass. No den Astellungen gëtt Iech eng kleng Testfahrt proposéiert wann d'Wieder net ze schlecht ass, de Feeling op der Strooss ass net wéi am Labo.
  • Ären Helm wann en Triathlon- oder Zäitfuervëlo soll agestallt ginn. Den Helm ass och fir d'Testfahrt z'empfehlen.
  • Medizinesch Rapport'en oder radiologesch Bilan'en wann orthopädesch oder neurologesch Suergen Iech de Genoss vum Vëlofueren verdierwen.
  • Zäit; d'Sëtzung dauert tëschent 3 a 5 Stonnen, ofhängeg vun der Formel a vum Vëlo. An en Imprévu ass och ni auszeschléissen.

 

Wat versteet een ënner "suivi"?

Är Sëtzpositiounsanalyse ass, wann Dir et wëllt, nëmmen den Ufank vun eiser Bezéiung. All Cyclist reagéiert ënnerschiddlech op Modifikatiounen vun senger Positioun. Dat kann während der Sëtzung beobacht ginn, awer och während den Sortien no den Astellungen. D'Bedingungen am Labo, obwuel se eng gutt Basis fir d'Optimisatioun vun Ärer Positioun duerstellen, sinn net déi selwecht wéi um Terrain. Et ass méiglech datt Dir dat, wat Dir mir während dem Fitting beschriwwen hutt, op der Strooss oder am Gelänn anescht empfannt. Et ass also wichteg datt mir an de nächste Wochen no Ärem bike-fitting a Kontakt bleiwen.

Een anere Grond dofir ass, datt verschidde Modifikatiounen progressiv musse gemaach ginn. Ech bleiwen zu Ärer Verfügung fir Iech ze beroden.

Dozou kënnt, datt een all Dag anescht ass. Ären Zoustand deen Dag vun der Sëtzung ass wahrscheinlech anescht wéi déi Deeg virdrun an anescht wéi déi Deeg duerno. An Dir verännert Iech mat der Zäit; eng Positioun, déi Iech haut gutt läit, ass vläit an e puer Joer net méi ugepasst.

 

Kann ech d'Astellung vun engem Vëlo op deen aneren iwwerdroen?

Jo, awer ënnert der Bedingung datt deen zweete Vëlo identesch ass, Komponenten (Suedel, Pedallen, Grupp, Guidon a Virbäu) abegraff. Tëschent 2 ënnerschiddleche Vëloen ass et och meeschtens machbar, gewëssen Differenzen sinn awer net auszeschléissen. Et geet awer oft duer datt ee Element, wéi zum Beispill de Suedel, anescht ass fir datt aner Astellungen néideg sinn. Tëschent zwee MTB'en ass et oft méi schwéier well d'Diversitéit vun de Geometrien vill méi grouss ass. An dat gëllt och fir Triathlon- an Zäitfuervëloen.

 

Stellt Dir och d'Kallen an?

Et ass e wichtegt Element am Kontext vun Bike-Fitting, souwuel fir d'Iwwerdroung vun der Kraaft op d'Pedallen wéi och fir d'Virbeugen vun Problemer no uewen: Knéien, Hëften, ... bis an d'Hänn. E Bike-Fitting ouni Iwwerpréiwung vun der Positioun vun de Kallen ass onvirstellbar.

 

Ginn d'Astellungen op der Plaz ënnerholl?

Souwäit wéi Äert Material et erlabt, jo. Mir kënnen eventuell op Grenze stoussen am Fall vun:

  • Komponenten, déi net méi zäitgeméiss sinn,
  • enger net passender Kadergréisst.

An Fall vun ganz grousse Korrekturen kënnen radikal Ännerungen geféierlech sinn; Äre lokomotoresche System soll net iwwerfuerdert ginn an d'Adaptatiounen sollen progressiv sinn, besonnesch wann Dir schonn Joeren eng Positioun gewinnt waart.

 

Stellt Dir all Typ vu Vëlo an?

D'Vëloen, fir déi eng optimal Sëtzpositioun besonnesch sënnvoll ass, sinn Stroossevëloen, Crossvëloen, Triathlon- an Zäitfuervëloen, Trekkingvëloen an MTB fir Cross-Country an Marathon. Och e-Bikes profitéieren vun enger optimaler Astellung.

Fatbikes kënne net befestegt ginn, eng Sëtzpositiounsanalyse ass leider aktuell fir déi Vëloen net méiglech.

 

Ech hunn a mengen normale Schung an a menge Lafschung orthopädesch Einlagen. Kann ech se och an den Vëlosschung benotzen?

Am Prinzip schwätzt näischt dogéint mä deemno, wat déi Einlagen korrigéieren, ass déi Korrektur an de Vëlosschung reduzéiert bis annuléiert.

Anescht wéi beim Goen oder beim Lafen fënnt beim Vëlofueren keen Ofrullen vum Fouss statt. Den Drock vum Schung op d'Pedall befënnt sech beim Vëlofueren mat Klickpedallen an all Zyklus op der selwechter Plaz. Den Drock vum Fouss an de Schung, wéi d'Drockmiessungen et weisen, bleift gewéinlech an der Géigend vum Virfouss, mat enger gewëssener Pronatioun an Supination, déi ofhängeg vun de Schung, vum individuellen Bewegungsschema an vun den Astellungen vum Vëlo ass. Wann Är orthopädesch Einlagen Äre Virfouss korrigéieren, kënnen se an de Vëlosschung och sënnvoll sinn; déi wéinegst Einlagen korrigéieren awer nëmmen de Virfouss.

Déi bescht Method fir Moosseinlagen ze gestalten geet iwwert d'Drockmiessung vun de Féiss an de Schung iwwert dem Pedalléieren. D'Einlagen ginn, unhand vun den Foussdrockmiessungen, individuell gefräst. Dës  Prozedur ass eenzegarteg zu Lëtzebuerg bei bikefit (méi Info'en).

Wann Är Einlagen mat enger Iwwerhéigung vun enger Feescht en Ënnerscheed vun der Längt vun de Been ausgläiche soll, gëtt déi Wierkung an de Vëlosschung verluer well Dir net mat den Talécken op d'Pedallen dréckt. Et ginn dofir an der Branche vun Bikefitting aner Léisungen, wann iwwerhaapt eng Korrektur noutwenneg ass.

Join us on facebook                                                                                                                                                         Leschten update: 21/06/2017