895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

De Bike-Sizing, wéi och d'Sëtzpositiounsnanalyse, soll dynamesch sinn. De Fit-Bike, oder Size-Bike, erméiglecht et, an der Bewegung, déi ideal raimlech Konfiguratioun vun de Kontaktzonen - Suedel, Cockpit, Pedallen - ze definéieren an esou déi Sëtzpositioun z'ermëttelen, déi zu Iech passt, zu Ärer Morphologie, Ärer Flexibilitéit, Ärer Praktik, ...  Den Tosch vu Suedel, Potence a Längt vun de Manivellen geschéie séier, esou datt Dir besser d'Auswierkung dovunner kënnt spieren.

Meit d'schmäerzhaft Frustratioun vun engem Fehlkaaf. Net Dir sollt Iech spéider Ärem Vëlo mussen upassen, wann iwwerhaapt méiglech, mä Dir soll direkt de Vëlo kafen, deen zu Iech passt. Déi Moosen, déi beim Bike-Sizing erauskommen, ginn Iech no der Sëtzung iwwerreecht. Dir kënnt also Äre Vëlo direkt mat der richteger Längt vu Potence,  mat der richteger Héicht vu Spacer bestellen an mat der Richteger Längt vu Manivellen.

De Bike-Sizing ersetzt awer net eng dynamesch Sëtzpositiounsanalyse. D’Sëtzpositioun op Ärem neie Vëlo kann e bëssen anescht sinn wéi déi um Fit-Bike, well d’Komponenten (Suedel, Schalt- a Bremshiewelen, Pedallen, ...) wahrscheinlech nët déi selwescht sinn. Et ass dowéinst stark empfuelen, Är Sëtzpositioun op Ärer neier Maschinn, no e puer Sortien, duerch en dynamesche Bike-Fitting optimiséieren ze loossen.

De Fit-Bike kann och benotzt ginn, fir Manivellelängten (vun 155 bis 185 Millimeter) oder Suedelen zu testen.

Tarifer

 

Join us on facebook                                                                                                                                                         Leschten update: 18/09/2017