895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Formel  Ortho

* Dir sicht Confort. Suedeldrockmiessungen erlaben et, exzessiv Drockzonen ze lokaliséieren, hier méiglech Ursaachen erauszefannen an, am Laf vun der Sëtzung, déi méiglechst komfortabel Positioun ze definéieren. An deene meeschte Fäll erméiglechen d'Korrekturen et, dee schiedlechen Drock op d'Schambeen ze reduzéieren, ënnert deem Nerven a Bluttgefäässer lafen, an d'Belaaschtung dohinner z'orientéieren wou se och higehéiert: op d'Sëtzknachen.

* Dir hutt ee bessere Rendement am Viséier. De Wee ass de nämmlechten. Ouni Confort trëtt d'Middegkeet fréizäiteg op sou datt Rendement parallel dozou an de Keller geet. Ofhängeg vun deem wat Dir fuert, Ärer Morphologie, Ären Ambitiounen, ... versiche mir dee beschten Kompromëss ze fannen tëschent Confort a Leeschtung.

* D'Virbeugen huet fir Iech Prioritéit. Dir wëllt vermeiden, datt Är Positioun um Vëlo d'Ursaach gëtt vun enger Iwwerbelaaschtung.

Inhalt vun der Formel Ortho:

  • Interview, Bilan vun Ären Ambitiounen , Är Praktik, Är Erwaardungen, Är Beschwierden, ... Dës Elementer sinn entscheedent fir de Verlaf vun der Sëtzung.
  • Evaluatioun vun Ärer muskulärer Elastizitéit, vun der Mobilitéit vun Äre Gelenker an eventuell Asymmetrien
  • Beobachtung vun Ären dynameschen Parameteren wann Dir op Ärem Vëlo fuert
  • Astellung vun de Kallen
  • Miessung vun de wichtege Wénkelen duerch Video-Analyse
  • Analyse vu ären Beenachsen
  • Optimal Astellung: Suedelhéischt, Distanz Suedel-Guidon, Suedel-Setback an Héischtenënnerscheed Suedel-Guidon
  • Visualiséierung vun de Suedeldrockmiessungen
  • Optimiséieren vun der Positioun vum Suedel
  • Vergläich vum Drock a vun de Video'en virdrun-duerno
  • Analyse an Drock vun de Resultater
  • Méiglechkeet ee Suedel op Mooss ze bestellen
  • Tipps (Stretching, Technik, Stabilisatioun, ...)

 

Formel Ortho+

Par Rapport zur Formel Ortho kënnt een zousätzlechen Tool an den Asaz: Drockmiessungen an de Schung. Déi erméiglechen et:

* exzessiv Drockzonen iwwert dem fueren ze lokaliséieren

* Är vertikal Kraaftiwwerdroung z'objektivéieren 

* d'Verbindung Fouss-Pedall z'optimiséieren

* präzis Är Triëdtechnik z'analyséieren iwwer Kraaftkurven

D'Formel Ortho+ ass fir Iech wann

  • Är Féiss Iech wéi dinn oder wann se an de Schung net wuel fillen (Péng, Entschlofen, ... )
  • Är Triëdechnik wëllt objektivéieren an dorops hinn wëllt verbesseren vir ee bessere Rendement.

 

Formel Basic

Si ass identesch zu der Ortho-Formel, ouni Drockmiessungen um Suedel.

Dës Formel riicht sech un Cyclisten déi um Suedel näischt besonnesches stéiert. Si riicht sech och un Cyclisten déi manner usprochsvoll sinn wat d'Präzisioun vun hirer Sëtzpositioun ugeet, awer sécher wëlle sinn mat enger richteg agestaellter Sëtzpositioun hirer Gesondheet net ze schueden. An dësem Fall mussen déi Cyclisten sech awer bewosst sinn datt eventuell uro-genital Pathologien, déi vum Drock um Suedel verursaacht oder ënnerhale ginn, mat manner Effikassitéit kënnen ugepaakt ginn.

 

Formel Express

Wéi de Numm et seet, riicht se sech un d'Cyclisten déi net zevill Zäit hunn, den Tariff gëtt dofir och esou niddreg gehale wéi méiglech, ouni awer datt d'Individualitéit vernoléissegt gëtt. D'Sëtzung dauert net méi wéi zwou Stonnen.

Konzept ass wéi an der Formel Basic, mat e puer Ënnerscheeder:

  • Funktionell Tester sinn eng Grimmel manner grëndlech.
  • Nom Ofschloss vun den anere Formelen gëtt Iech en Dossier iwwerreecht mat Ärem Bericht a mat Ären Video-Opnamen virdrun/duerno op USB-Stick. No der Formel Express kritt Dir d'Wäerter vun den Astellungen vun Ärem Vëlo gemailt, sou datt Dir direkt no den Astellungen fäerdeg sidd. Dir braucht net op de Bericht ze waarden an et gëtt Pobeier gespuert. An alle Fäll ginn är Dateien gespäichert.
  • Fir Iech de beschtméiglech gerénge Präis kënnen unzebidden gëtt d'Kreditkaart net ugeholl. All Kommerzant, deen all Mount de Relevé vun der Cetrel gesäit versteet firwat.
  • Dir gitt net systematesch e puer Wochen no Ärer Sëtzung kontaktéiert, wéi et fir déi aner Formelen de Fall ass. Dir kënnt awer ëmmer op mech zeréckgräifen; ech bleiwen zu Ärer Verfügung.

 

Wann Dir Iech äus enger orthopädescher oder neurologescher Ursaach fir eng Sëtzpositiounsanalyse entscheet hutt, ass d'Formel Express net ubruecht. An den Fall empfeelen ech Iech d'Formel Ortho oder Ortho+.

Join us on facebook                                                                                                                                                                 Leschten update: 22/10/2018