895827
Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.


D'Wichtegkeet vun enger Sëtzpositiounsanalyse.

 

De Cyclissem ass eng deeglech Aktivitéit fir verschiddener, en Hobby fir anerer an e Sport deen och a vill Disziplinnen ënnerdeelt ass. Et ass eng vun den eelste Sportaarten, stänneg an Entwécklung, an déi an all Altersklass ëmmer méi Leidenschaftlecher unzitt.

Leider spieren vill Vëlosfuerer sech net gutt op hirem Vëlo a leiden oft ënnert Schmäerzen bedéngt duerch hier Sportaart. Dës Vëlosfuerer ginn bei Dokteren an Therapeuten deenen et, trotz hirer Erfahrung an hires Wëssen, net wierklech geléngt si op laang Dauer ze heelen.          

                     

Firwat?

Eng Behandlung déi limitéiert ass op d’Symptomer bleift gréisstendeels ouni Erfolleg oder huet nëmmen eng Wierkung vu kuerzer Dauer. Wann Diagnose richteg gemaach ginn ass an déi verschriwwen Behandlung net zu engem (dauerhaften) Resultat féiert, sou ass et oft noutwenneg d’Ursaachen vun den Kloen vum Cyclist um Niveau vun sengem Vëlo an den Vëlosastellungen ze sichen an zwar am Kader vun  enger dynamescher Sëtzpositiounsanalyse.

 

A Punkto Präventioun am Vëlosport sollt eng individuell Sëtzpositiounsanalyse déi éischt Moossnam sinn, an als Sportskiné ass d'Präventioun meng Prioritéit.

 

Wéi et zahlreich Feedbacken ënnersträichen steigert sech de Rendement no der Optimisation vun der Sëtzpositioun. Et profitéieren also net nëmmen Leit mat gesondheetleche Suergen dovunner mä och Cyclisten mat Ambitiounen oder deenen déi d'Sécherheet wëllen hunn, hirer Gesondheet mat enger ugepassten Sëtzpositioun gutt ze doen.    

Join us on facebook                                                                                                                                                         Leschten update: 02/12/2016